Disco ass um Réckzoch, Hip-Hop um Kommen. Dotëscht ass net vill Plaz. Sou just nach fir e "One-Hit-Wonder" aus New York. Den Trio "Indeep" mat engem Hommage un de Radio-DJ.

13/11/2020 HitStory - LAST NIGHT A D.J. SAVED MY LIFE

Eng Fra sëtzt owes eleng doheem a langweilt sech. Se wëll mat hirem Mann schwätzen, kann deen awer net erreechen. A kënnt op de Gedanken en ze verloossen. Dunn dréint se de Radio op.
Esou kéint et gewiescht sinn. Ob et elo effektiv dem Harry Nilsson säi "Gotta get up" vun 1971 war, deen den DJ deemools um Radio opgeluecht an domadder der Fra d'Liewe gerett huet? Kee weess et an et ass och net vu grousser Wichtegkeet.

1982 huet den New Yorker Trio "Indeep" mat dësem coole Song en Ausruffzeeche gesat. Allerdéngs och dat eenzegt. "Indeep" waren de Songwriter a Produzent Mike Cleveland an d'Sängerinnen Rose Marie Ramsey a Reggie Magloire. Den Titel koum zu enger Zäit wou Disco am gaange ze verschwannen an Hip-Hop um Komme war. A genee dee Mix, resp. Iwwergang ass an där Nummer zesummegefaasst, vrun allem mam Rap-Deel, deen an de fréier 80er nach eng Raritéit war.

Dobäi komme Soundeffekter wéi "Telefon", "Auto-Brems" oder "Toilette", déi dann och deemools op der Maxi-Single nieft enger instrumentaler Versioun getrennt ze fanne waren. Dem Mike Cleveland säin Hannergedanke war, datt d'DJen an den Diskoen esou hiren eegene Mix konnte maachen.

"Last night a D.J. saved my life" war a ville Länner e groussen Hit, konnt et awer just a   Griicheland an a Simbabwe op d'1 packen.
Gesampelt gouf den Titel ë.a. an Nummere vun George Michael, Black Eyed Peas, Five oder Madonna.
Déi bekanntste Coverversioun ass sonner Zweiwel déi vum Maria Carey, 2001 am Musicalfilm "Glitter".