Folk-Pop aus Däitschland deen zwar schonn e Joer um Bockel huet, mä, wéi heescht et sou schéin, besser spéit wéi ni.

Villäicht hutt dir Provinz, sou heescht d'Grupp aus Schwaben, Oberschwaben fir genee ze sinn, scho bei Late Night Berlin op Pro Sieben gesinn, do ass de Quartett mat der éischter Single Augen sind rot aus dem Debutalbum Wir bauten uns Amerika opgetrueden. Een Debutalbum deen Uklang an Däitschland fonnt huet, ëmmerhin ass et fir eng 4. Plaz an den Albumcharts duergaangen. D'Lidd ëm dat et an dësem One For The Road geet, Was uns high macht, ass nach virum éischten Album erauskomm, nodeems Provinz bei Warner ënnerschriwwen haten, ass d'EP Reicht dir das publizéiert ginn. D'Lidd ass enger leidenschaftlecher an hedonistescher Partnerin dediéiert där een en anere Kick versprécht, fir se vu sech selwer ze retten.