Méi Disko geet net. Op dem 15. Album huet sech déi australesch Sängerin komplett engem Genre verschriwwen.

Datt d'Kylie frou mat Disco ass, dierft awer elo keen aus der Reserv lackelen. Lidder wéi Can't Get You Out Of My Head oder Your Disco Needs You, voilà, do hu mir et schonn, hunn och schonn deemools net verstoppt datt sech d'Sängerin an där Ära wuelfillt. Wéi gesot op Disco dominéiert nëmmen eng Saach, elo misst et jidderengem kloer sinn, Disco. An de sozialen Netzwierker huet d'Kylie Minogue I Love It als 3. Single ugekënnegt, de Video ass virun enger Woch erauskomm.