Den Numm Kelvin Jones héiert ee meeschtens an Zesummenhang mat anere Kënschtler wéi Alle Farben oder Younotus. Dës Kéier ass hien awer mol erëm ganz eleng.

Don't Let Me Go heescht seng nei Single, e Stéck dat e puer Joer an der Maach war, wéi gesot, ouni een aneren Artist, d'Iddi, den Text an d'Lidd si vun him. Am Simbabwe an zu London ass de Kelvin opgewuess, elo lieft hien an der däitscher Haaptstad. Mir schwätzen hei definitiv vu Pop, d'Melodie huet Ouerwuerm-Potenzial. Am Lidd geet et ëm vereelzte Muster vun deenen hie sech léise muss fir seng eege Grenzen ze sprengen.