Och an dëser Rubrik stinn d'Kanner am Fokus. Ma et ass net fir d'éischte Kéier datt sech vill bekannte Kënschtler zesummefanne fir e Lidd fir de gudden Zweck opzehuelen.

Band Aid a USA for Africa dierften déi bekanntste Beispiller sinn. Dës Kéier geet et ëm d'Kanner a Groussbritannien deenen et net sou gutt geet. BBC Children In Need gëtt et zënter 1980, ma och schonn do virdrun huet d'British Broadcasting Company Sue gesammelt déi dunn u Wierker weidergeleet goufen déi sech ëm Kanner këmmeren. Villäicht hutt dir jo och schonn de Maskottche vu BBC Children In Need gesinn; en Teddybier mat enger Foulard iwwer dat rietst Aen. Dëst Joer huet d'BBC e Lidd mat enger helle Wull Museker opgeholl vun deem den Erléis eben och u karitativ Organisatioune geet. D'Virlag vun dësem Projet ass d'Lidd Stop Crying Your Heart Out vun Oasis, deemno eng Coverversioun. Bei de BBC Radio 2 Allstars fënnt een nawell grouss Nimm; Cher, Lenny Kravitz, Bryan Adams, Robbie Williams, Kylie Minogue, Nile Rodgers, Ava Max an ënner anerem och d'Mel C vun de Spice Girls. Villäicht erkennt dir se jo all erëm.