Eng onerreechbar Léift, eng englesch B-Säit, e coole Garçon an déi Nei Däitsch Well. Etappen an der Geschicht vum gréisste Kraftwerk-Hit.

14/12/2020 HitStory - DAS MODEL

Bowie, Björk, Moby, Ultravox, Alphaville, Duran Duran, OMD, New Order, Human League oder Depeche Mode - si all zitéieren, wa se no der Inspiratioun oder Afloss gefrot ginn, een Numm:  Kraftwerk.
Eng Band, déi viru 50 Joer zu Düsseldorf vum Ralf Hütter a vum am Abrëll dëst Joer verstuerwene Florian Schneider gegrënnt gouf. Kraftwerk, ëmmer der Zäit viraus, d'Pionéier vum Elektro- a Synthiepop.

Am Mee 1978 koum mat "Die Mensch-Maschine" schonn hire 7. Album eraus. E Konzeptalbum, op Basis vum Stommfilmklassiker "Metropolis" vun 1927, mat als Thema enger Welt, an där d'Technik dominéiert an de Mënsch just nach als Deel vun engem Mechanismus funktionéiert.

Hütter a Schneider waren déi dreiwend Kraaft vu Kraftwerk, hu sech awer ëmmer nees op artistesch Synergien agelooss, ë.a. mam Moler a Poet Emil Schult. An deen Emil Schult war sengerzäit onglécklech an e Model verléift. En huet seng Gedanken a Gefiller an engem Text festgehalen an och d'Musek geliwwert, déi awer, well se net an d'Konzept vu Kraftwerk gepasst huet, ëmgeschriwwe gouf.

"Das Model" danzt um Album komplett aus dem thematesche Konzept a gouf dann och vläicht grad dowéinst als Single ausgekoppelt. E kloer strukturéierten Text, 12 Vers-Koppelen, eng einfach awer markant Melodie déi de Ralf Hütter quasi ouni Emotiounen eriwwer bréngt. Just 1 Wuert am Song kënnt net vun him, an zwar deen ominéise "korrekt!".  
Dat ass d'Stëmm vun engem Garçon aus dem Düsseldorfer "Moras Lovers Club" an deem d'Jonge vu Kraftwerk vill Owender verbruecht hunn. De Garçon, deen all neie Client mat der Fro begréisst huet: "Hallööchen ... Sekt?" a sech da selwer mat "korrekt!" d'Äntwert ginn huet.

"Das Model" konnt sech 1978 net an den Charts placéieren, 1981 hu Kraftwerk eng englesch Versioun als B-Säit vun där neier Single "Computer Love" erausbruecht, d'Radioen op der Insel haten awer eng Virléift fir "The Model" an hunn deen Titel méi dacks ewéi d'A-Säit lafe gelooss. Mam Resultat: Eng Nummer 1 a Groussbritannien. An 1982 koum déi däitsch Versioun op en Neits als Single eraus a gouf mam Elan vun der Neier Däitscher Well dee gréissten Hit vu Kraftwerk.

Cover-Versioune ginn et der vill, déi opfällegst wuel 1997 vu Rammstein.