Mat Auto-Tune erschaaft een de perfekte Gesang, d'Cher hätt dat awer net néideg gehat. An awer war d'Technik zum gudden Deel mat Schold un engem Welt-Hit.

16/12/2020 HitStory - BELIEVE

Haut 74, deemools bei "I got you babe" 19 Joer jonk. D'Cherilyn Sarkisian La Pierre genannt Cher mat hirem Mann Sonny Bono, deen am Januar 1998 un de Suitte vun engem Schiaccident gestuerwen ass.

Ronn en halleft Joer nom Doud vun hirem Ex-Mann war d'Cher zu London am Studio fir hiren 22. Album anzesangen. D'Karriär vun der Sängerin an Actrice hat an den 90er e klengen Down, si selwer e gewëssenen Alter a mat enger neier Produktioun mat modernen Danz-Rhythmen a flotten Uptempo-Nummere wollt een nach eemol d'Kéier kréien.

Den Titelsong vum Album „Believe“ war grad opgeholl, dunn huet de Produzent Mark Taylor mat sengem neie Mëschpult experimentéiert. En huet d'Nummer einfach mol mam sougenannten „Auto-Tune“-Programm verschafft. Eng Methode, fir eventuell falsch Téin oder Stëmmvariatiounen synthetesch riicht ze béien. Wann déi Software allerdéngs ze intensiv an den Asaz kënnt, provozéiert dat en onnatierlechen Effekt an et kléngt een ewéi aus der Computerbéchs.

Den Taylor huet dat dunn mol mam Song „Believe“ ausprobéiert, einfach esou – just for fun. Wéi d'Cher dem Taylor seng Spillereien héieren huet, war d'Sängerin aus dem Haischen. Genee esou soll et um Album bleiwen, och wann d'Plackefirma doriwwer entsat war. Mä d'Amerikanerin ass net hannert hir Wierder gaangen, deen Effekt hat eppes aus den 80er an et sollt substanziell zum immense Succès vu „Believe“ bäidroen.

Believe“ gouf e weltwäiten Nummer 1-Hit a mat 52 Joer war d'Cher 1998 bis dato déi eelst Artistin, där esou en Exploit sollt glécken.