De Richard Sanderson hätt u sech 3 mol missten zouschloen. Eemol war e verhënnert, déi zweete Kéier wollten d'Produzenten net. A säi groussen Hit huet en u sech och nach enger Ofso ze verdanken.

18/12/2020 HitStory - REALITY

"La Boum", den Teenie-Kultfilm vum Claude Pinoteau aus em Joer 1980 mam Sophie Marceau an der Haaptroll. D'Produzenten hate fir den Titelsong, komponéiert vum Vladimir Cosma, de Gilbert Montagné kontaktéiert.
De Montagné huet awer refuséiert well en net eng Nummer aus der Fieder vun engem anere wollt sangen. D'Wiel ass dunn op de Richard Sanderson gefall, ee relativ onbekannte brittesche Sänger, Fils vun engem schotteschen Drummer an enger franséischer Akkordeonistin. De Sanderson war direkt averstanen an den Titel "Reality" sollt säi "Slow" fir d'Éiwegkeet ginn.
De Richard Sanderson hat säin Hit, säin eenzegen iwwregens.

1982 koum "La Boum 2" an d'Kinoen, op en Neits soll de Sanderson den Titelsong sangen. Well deen awer zu deem Ament op Tournée a Japan war, gouf den Titel "Your eyes" vun der brittescher Band "Cook da Books" interpretéiert. De Sanderson huet awer 2 Joer drop seng eege Versioun um Album "Surprise" erausbruecht.
A wéi 1988 e weidere Film vum Claude Pinoteau, "L'Étudiante" nees mat der Sophie Marceau gedréint gouf, a well de Pinoteau net wollt, datt dëse Film als "La Boum 3" sollt gesi ginn, hunn d'Produzenten dem Sanderson déi norwegesch Sängerin Karoline Krüger virgezunn.

De Richard Sanderson lieft haut bei Paräis, gëtt Gesangscoursen an engem Conservatoire an huet virun 2 Joer säin 9. Album "How to be elegant" erausbruecht.