"Can`t Hold Us", zesumme mam Macklemore a mam Ryan Lewis war dat Lidd, duerch dat de Ray Dalton bekannt gouf. Elo 10 Joer méi spéit, ass den amerikanesche Sänger amgaangen, sech als Soloartist e Numm ze maachen.

2020 gouf de Ray Dalton quasi nach emol gebuer. Mat der Single "In my Bones" ass en a villen internationalen Hitparaden mat virbäi gewiescht. De Step an d'Solokarriär war net esou einfach, wéi en sech dat erhofft a gewënscht hat.

Di nei Single vum Ray Dalton ass e Lidd iwwert eng ongesond, sougenannten "toxesch" Bezéiung. Et ass eng Aart Bréif un eng Persoun, vun där ee net genuch krit, obwuel ee weess, dass et um Enn net klappe wäert mat der Léift.

Don't Make Me Miss You - di nei Single vum Ray Dalton ass haut eise One for the Road.

Kuckt hei de Video: