Fir den éischte One For The Road vun der neier Woch geet et op Nashville. Obwuel dat staark no Country richt, mécht d'Sara Kays awer éischter alternative Pop.

Dat 21 Joer aalt Talent aus de States, kritt elo am Februar 22 Joer, krut an de leschte Méint den Titel "Rising Star". Et dierft also net méi all ze laang dauere bis een och hei méi vum Sara Kays héiert. D'Single Remember That Night? ass op TikTok zimmlech séier duerch de Plaffong gaangen, et war souguer nëmmen e ganz kuerzen Deel vum Titel deen an nëmmen e puer Deeg iwwer 3 Millioune mol gekuckt ginn ass. Et geet ëm eng rezent Bezéiung vun der Sängerin; d'Geschicht vum Ex deen eigentlech sou gutt wéi vergiess ass, deen awer mat der Fro "kanns de dech un déi Nuecht erënneren" et fäerdegbréngt datt d'Gefiller zeréckkommen.