Eng amerikanesch-brasilianesch Geschicht dës Kéier am One For The Road. Et geet ëm de Marcos Zeeba.

An de States op d'Welt komm, a Brasilie grouss ginn, kënnt de Marcos eng éischte Kéier mat der Alternative-Rock-Grupp Bonavox vu Los Angeles an de Genoss vu Succès. Nodeems de Marcos, deemools nach Gittarist, mat senger Grupp bei der Grammy Amplifier Kompetitioun an d'Finall komm ass, wiisst d'Popularitéit vu Bonavox. Wéi och ëmmer, 2015 decidéiert de Marcos u senger eegener Karriär ze bastelen, vun deem Moment u läit de Fokus op akusteschem Pop a säi Kënschtlernumm ass mat sengem Familljennumm och relativ séier fonnt. En éischte groussen Hit gouf et 2017 mat Never Let Me Go zesumme mam Bruno Martini an Alok.