En Talent aus Groussbritannie steet dës Kéier an der Vitrinn; d'Olivia Dean.

Déi 21 Joer al Sängerin wousst scho ganz fréi datt Sangen iergendwann eng wichteg Roll spille wäert. A wann een dann och nach un der selwechter Schoul, wou spéider Stare wéi d'Jessie J., d'Amy Winehouse, d'Adele an den Acteur Tom Holland d'Schoulbänk gedréckt hunn, ugeholl gëtt, steet der Karriär eigentlech näischt méi am Wee. 2019 ass dunn d'Debut-Ep erauskomm, déi 4 Lidder hunn iwwer 3 Millioune Streams op Spotify generéiert. Eng weider EP ass dunn de leschte Mount erauskomm, do drop och d'Lidd The Hardest Part.