An den 80er huet den Italo Disco fir voll Danzpiste gesuergt. An den 90er gouf et eng Zort Revival an Eiffel 65 hat dorunner groussen Undeel

12/02/2021 HitStory - BLUE (DA BA DEE)

1992 hunn déi 3 Italiener Maurizio Lobina, Gabriele Ponte an Gianfranco Randone zu Turin de Plackelabel BlissCo an d'Liewe geruff. Hei hu se wärend Joren, jidderee fir sech, mat elektronescher Musek gebastelt an experimentéiert.
Am September 1998 souz mol erëm nees jidderee fir sech a sengem klenge Studio an huet op sengem Mëschpult ronderëm gedoktert. D'Diere ware grouss op, esou datt een deen anere héiere konnt. De Maurizio Lobina huet op sengem Piano eng Melodie gespillt, déi net nëmmen him selwer net méi wollt aus em Kapp goen. De Gabriele Ponte huet proposéiert, dat ganzt dach mol als Dance-Nummer ze probéieren. An deen drëtten am Bond, Gianfranco Randone, dee sech als Sänger och "Jeffrey Jey" genannt huet, hat grad en Text op Pabeier bruecht, iwwert eng fiktiv Figur déi alles am Liewe mat der Faarf blo associéiert. An esou huet jidderee säi Pefferkär bäi ginn fir um Enn als Trio ze funktionéieren.

Eiffel 65 war gebuer. D'Wuert "Eiffel" hu se sech vum Zoufallsgenerator vun engem Computerprogramm erauswiele gelooss, d'Zuel "65" ass en Deel vun enger Telefonsnummer, déi iertemlecherweis um Cover vun hirem Demoband gelant war.
Deen ominéisen "da ba dee" gouf nach bäigeprafft, fir datt och all Mënsch matsange kann an am Refrain koum e Vocoder an den Asaz, ganz nom Virbild vum Cher sengem Hit "Believe", dee kuerz virdrun erauskomm war.

"Blue (da ba dee)" koum Enn 1998 eraus, am Abrëll 99 ass de Song an Italien erop an erof gelaf an am Summer konnten déi 3 vun "Eiffel 65" a 15 europäesche Länner en Nummer 1-Hit verbuchen. An zejoert ass e Sample aus "Blue" an der schwedescher Sängerin Nea hirem Song "Some say" opgedaucht.