DDR-Kult aus de 70er, en Hit awer och bei eis an a Griicheland. Eng Gei an eng Schrëftstellerin hu "City" onstierflech gemaach

09/02/2021 HitStory - AM FENSTER

Einmal wissen, dieses bleibt für immer,
ist nicht Rausch, der schon die Nacht verklagt,
ist nicht Farbenschmelz und Kerzenschimmer,
Von dem Grau des Morgens schnell verjagt.

Einmal fassen, tief im Blute fühlen,
dies ist mein, und es ist nur durch dich –
nicht die Stirne mehr am Fenster kühlen,
dran ein Nebel schwer vorüberstrich.

Einmal wirklich finden und nicht wieder
alles geben müssen, was man hält.
Klagt ein Vogel? Ach, auch mein Gefieder
nässt der Regen, flieg ich durch die Welt.

Zeilen aus der Leipziger Lyrikerin Hildegard Maria Rauchfuß hirem Gedichtband "Versuch es mit der kleinen Liebe" aus em Joer 1970. Den Emil Bogdanow, sengerzäit Sänger bei där 1972 zu Ost-Berlin gegrënnter Band "City", huet déi mysteriéis Poesie mat an eng Prouf bruecht, wou 2 aner Memberen, den Drummer Klaus Selmke an de Bassist a Violonist, de gebiertege Bulgar Georgi Gogow grad am gaange ware mat Volleksmusek vum Balkan ronderëm ze dokteren.

Esou ass dunn 1974 no an no déi komplex Kompositioun "Am Fenster" entstanen. City hunn dee 7 Minutte laange Song op klenge Concerte gespillt, hir Plackefirma "Amiga" wollt d'Lidd awer net erausbréngen: Ze laang, kee richtege Refrain, koppegen Text an dann déi Gei, déi elo awer guer net gepasst huet.
De Emil Bogdanow ass 1975 aus der DDR a Schwede geflücht, a mam Tony Krahl krut d'Band en neie Leadsänger. De Krahl huet d'Kompositioun iwwerholl an iwwerschafft a mat City 1976 eng Demo-Versioun opgeholl. Och wann d'Nummer net op engem Disk sollt landen, esou kruten awer zwou Ost-Berliner Radiostatiounen eng Kopie dovunner an d'Gräpp. An déi hunn et lafe gelooss. Mam Resultat, datt de Feedback bei den Nolauschterer immens positiv war an esou "Am Fenster" dach nach op Single gepresst gouf.
1978 koum de Song dunn och op enger LP eraus, an dat an enger iwwer 17 Minutte laanger Versioun, zesummegesat aus 3 Deeler: "Traum", "Tagtraum" an: "Am Fenster".
Net nëmmen an Ost- mä och a Westdäitschland huet "Am Fenster" de Wee an d'Diskoe fonnt. An aussergewéinlech ass wuel d'Tatsaach, datt d'Lidd via Gaaschtaarbechter an Touristen och a Griicheland e grousse Succès gouf.

City gëtt et iwwregens ëmmer nach, fir Mee ass eng kleng Tournée geplangt. An hire Kultsong mat deem memorabele Geien-Intermezzo gouf och e puer mol gecovert, ë.a. vu Scooter a Matthias Reim. Dat doe mer eis awer elo net un ...