E Klassiker a seng Geschicht. Wann de Mark Knopfler an de 70er Joren net zoufälleg eng Kéier freides owes an engem Pub am Süde vu London gelant wier, géing eis haut ee vun deene gréissten Dire Straits-Titele feelen.

25/05/2020 HitStory - SULTANS OF SWING

D'Joer ass net exakt iwwerliwwert, et war awer op engem verreente Freideg Owend, wéi dee jonke Mark Knopfler, dee grad zesumme mat sengem Brudder am Gaange war eng Band ze grënnen, owes spéit zu Deptford (Süd-London) duerch déi eidel Gaasse gezunn ass. Et huet net nëmme gereent, et war och nach kal. En ass dunn, fir sech opzewiermen an anengems e Béier ze drénken, an e klenge Pub eragaangen. Net vill Leit dobannen, e puer Vollerten, hannen op enger klenger Bün eng Dixieland Jazz-Band, déi hiert Bescht ginn huet. Et war wuel net immens gutt, awer d'Jongen hate Spaass. Fräizäitmuseker, deene keen nogelauschtert huet an déi vläicht grad dowéinst dem Knopfler imponéiert hunn.
Um Enn vum Optrëtt ass ee vun de Museker bei de Mikro gaangen, huet trotzdeem Merci fir d'Nolauschteren an Äddi gesot mat de Wierder: "Goodnight and thank you, we are the Sultans of Swing".
Am Juli 1977, mëttlerweil war d'Band mam Numm "Dire Straits" gegrënnt, gouf eng Demo-Versioun vum Knopfler senger Kompositioun "Sultans of Swing" opgeholl. De Feedback war positiv, d'Band krut e Plackekontrakt an eng nei Versioun gouf an de Basing Street Studioen zu Notting Hill agespillt.
De Song war, och wann et e bëssche gedauert huet, deen éischten Hit an ass haut e grousse Klassiker. Vun där Jazzband, de Sultanen aus deem klenge Pub, huet een ni méi eppes héieren. Et ginn awer mëttlerweil 3 Bistroen zu Deptford, déi behaapten, datt dee Concert sengerzäit bei hinnen iwwert d'Bün gaange wier. De Mark Knopfler huet dozou ni e Commentaire ofginn.