Virun 30 Joer hu gregorianesch Pateregesäng Bekanntschaft mat den internationalen Danzpiste gemaach. Wéi aus der Maria Magdalena de Marquis de Sade gouf.

24/06/2020 HitStory - SADENESS PART 1

Scho bei „Maria Magdalena“ 1985 konnt ee säi Faibel fir Mystik a Vergaangenheet erkennen, a schonn deemools war hien et, deen am Hannergrond d'Fiedem gezunn huet. de Michael Cretu, gebuer zu Bukarest a Rumänien an zanter 1982 mam Sandra Lauer, Member vum Teenie-Girl-Trio „Arabesque“ liéiert. Zesumme mam Hubert Kemmler alias Hubert K. huet de Cretu seng spéider Fra Sandra an d'Hitparade katapultéiert. Deem Succès ass Enn den 80er noutgedrongen d'Loft ausgaangen an de Michael Cretu war op der Sich no enger neier Erausfuerderung.

Schonn als Kand huet en sech fir Ritter a Mëttelalter interesséiert, ganz faszinéiert war e vu gregorianesche Chouergesäng. Eng nei Iddi war a sengem Kapp gebuer: Déi Gesäng kéint een dach mol mat engem softe Beat ënnerleeën, e puer Keyboard-Passagen, Panflütt-Imitatiounen an dann dat eent oder anert mysteriéist an erotescht Text-Element op franséisch an net zu Lescht den Numm vum provokante Romancier Marquis de Sade.

"Enigma" huet de Michael Cretu säi Projet gedeeft, nieft senger Fra Sandra war och nach där hire fréiere Keyboarder a Produzent Frank Peterson mat am Coup. E Rätsel sollt et och bewosst bleiwen, Cretu a Peterson hu sech hannert de Pseudonymen „Curly MC“ an „F.Gregorian“ verstoppt. An et huet e puer Woche gedauert, bis datt de Verdacht opkoum, déi weiblech Stëmm kéint déi vum Sandra sinn.
Op alle Fall huet dee Mix aus Eros a Kierch voll ageschloen, „Sadness – part 1“ gouf a 24 Länner eng Nummer 1, den Album konnt dat 1990 an 41 Länner fäerdeg bréngen.
Enigma war op alle Fall den Ausléiser vun enger ganzer Well, déi d'Musek zanterdeem mat meditativen, reliéis-ethnesch-ugehauchte Produktioune begléckt huet.
De Michael Cretu an d'Sandra sinn iwwregens zanter 2008 keng Koppel méi. Enigma gëtt et ëmmer nach.