Déi eng gi berüümt an trenne sech, dës Koppel huet sech getrennt ass du berüümt ginn: D'Eurythmics an hire Klassiker, deem e schlecht programméierten Drumcomputer an hallef gefëllte Mëllechfläschen zum Welthit verhollef hunn.

09/09/2020 HitStory - SWEET DREAMS

Kennegeléiert hu sech Annie Lennox an Dave Stewart an engem Londoner Restaurant, den Dave war Client, d'Annie huet zerwéiert. Kuerz drop waren déi zwee net nëmmen eng Koppel mä och Member an der Rock-Pop-Band „The Tourists“. 1980 huet dës Formatioun sech opgeléist, Stewart a Lennox hunn als Duo weidergemaach.
Den Debutalbum „In the Garden“ war kee grousse Succès an och privat war bei der Koppel d'Loft eraus. Musikalesch huet se awer nach funktionéiert an d'Pläng fir en 2. Album hu sech konkretiséiert.

Enn 1982 waren d'Eurythmics an hirem klenge Studio am Norde vu London, den Dave Stewart hat sech grad en neien Drumcomputer geleescht, deen en awer net optimal un d'Goe krut. Alles, wat en aprogramméiert huet, koum hannerrécks eraus. Dem Annie Lennox seng Laun war och net besser, a wéi säin Ex (den Dave) em dee bossege Rhythmus virgespillt huet, koum endlech d'Inspiratioun. Op Basis vum Dave sengem Rhythmus huet d'Annie e Keyboard-Riff dobäi improviséiert. A béides zesummen huet iergendwéi perfekt gepasst.
D'Melodie war prett an den Text, optimistesch an awer verdrësslech, huet d'Annie Lennox an nëmmen e puer Minutten aus der Hand gerëselt. Wat am Endeffekt ewéi eng grouss opwenneg Produktioun eriwwerkënnt, war u sech eng séier a scho bal zweetklasseg Opnam.
An der Mëtt vum Song kommen iwwregens mat Waasser gefëllte Mëllechfläschen zum Asaz, well de Stewart genee dee Sound am Kapp hat an net mat Hëllef vun der Elektronik ronn krut.

„Sweet Dreams“ (Are Made of This) war den Optakt vun enger grousser Karriär vun zwee Museker, déi och jidderee fir sech mat Succès aktiv waren a sinn. E Synthiepop- an New Wave-Klassiker, deen och haut nach ëmmer keng Danzpist eidel léisst ...