Et gi sou Deeg do kënnt een net laanscht bestëmmte Lidder. Nieft Fuesmusek huet sech och de Genre Après-Ski an der geckeger Joreszäit etabléiert. An dësem One For The Road steet e Lidd an der Vitrinn dat 2 Uleef gebrauch huet.

Et geet ëm Ein Stern (... der deinen Namen trägt) vum éisträichesche Sänger Nikolaus Presnik, besser bekannt ënnert dem Kënschtlernumm Nik P.. D'Lidd ass 1998 vum Nik komponéiert a geschriwwe ginn an ass dat selwecht Joer vum Michael Stern beim Grand Prix des Schlagers op déi 10. Plaz komm. Ma eréischt d'Versioun zesumme mam Dj Ötzi, och en Éisträicher, 9 Joer méi spéit huet méi Gehéier fonnt an esou steet Ein Stern haut un der Spëtzt vun der Lëscht mat den erfollegräichste Lidder an der däitscher Chartgeschicht, d'Lidd deelt sech déi éischt Plaz mat Butterfly vum Danyel Gérard. Am Laf vun de Joer gouf Ein Stern (... der deinen Namen trägt) awer och Affer vu Coverversiounen, souguer op spuenesch a polnesch.