De Wincent Weiss bastelt u sengem nächsten Album. Vielleicht Irgendwann kënnt de 14. Mee an d'Butteker. Wer Wenn Nicht Wir ass e klenge Virgeschmaach.

De Wincent huet a leschter Zäit gemierkt wéi wichteg Frëndschafte sinn an och, datt ee mat de richtege Mënschen duerch dës an och aner haart Zäiten am Liewe kënnt. Fir hie waren et seng Frënn a seng Famill. Hien huet all seng Frënn gefrot, wat hir Bezéiung ausmécht a wou si sech ergänzen. D'Äntwerten, respektiv d'Iwwerleeungen, goufen an d'Lidd Wer Wenn Nicht Wir agebaut.