Am Kader vun der Serie It's a Sin huet déi brittesch Elektropopband Years & Years e Cover vum Pet Shop Boys-Hit mam selwechten Titel erausbruecht.

Keng 0-8-15 Coverversioun mä eng ganz roueg mat Piano an ouni Schickimicki. D'Fans si begeeschtert. En Deel vum Erléis vun It's a Sin geet un George House Trust, eng Organisatioun déi sech ëm Leit mat HIV këmmert déi am Nordweste vu Groussbritannie liewen. A genee dat ass och de Sujet am Drama It's a Sin, an deem de Sänger vu Years & Years, den Olly Alexander, och d'Haaptroll spillt; et geet ëm d'Thema Aids an den 80er.