Viru gutt 3 Joer hat d'Lauren Daigle mat You Say zimmlech groussen Erfolleg. Déi amerikanesch Sängerin, mécht iwwregens chrëschtlech Popmusek, erënnert staark un d'Adele a mat Hold On To Me kënnt elo déi éischt nei Musek nom Album Look Up Child eraus.

Et kann een also staark dovunner ausgoen datt am Laf vun den nächste Méint en Album nokënnt. D'Lauren Daigle ass an hirer Heemecht eng grouss Nummer; an de leschte Joer goufen et Grammy, Billboard an American Music Awards an hir Musek gouf an der ganzer Welt mat Gold, Platin a Sëlwer ausgezeechent. Dëst Joer gëtt d'Lauren Daigle iwwregens 30 Joer al.