Fir de Fall datt de 4. Mäerz d'nächst Joer, also an zimmlech exakt engem Joer, Concerten erëm méiglech sinn, misst déi schottesch Sängerin Amy Macdonald op der Bün vun der Rockhal stoen.

Ënner aneren dann och fir d'Stécker aus der aktueller Plack The Human Demands virzestellen, den Album ass am Oktober d'lescht Joer erauskomm a gëtt vun de Kritiker an den héchsten Téin gelueft. Statues ass déi nächst Auskopplung aus dësem Wierk an ass ee vun den Highlights; eng uerdentlech Portioun Indie-Rock an en Text dee beweegt. Et geet ëm d'Strooss an d'Haus an deem d'Amy grouss ginn ass, Erënnerungen déi d'Sängerin frou maachen an déi esou flott verschafft goufen datt ee sech wierklech e Bild vun där Strooss maache kann. D'Elteren hunn d'Haus iwweregens virun e puer Joer opginn, och hinne bleiwen also nëmmen nach d'Erënnerungen.