Halleluja, Hare Krishna a Copywright - dem George Harrison säin éischten Hit ouni d'Beatles huet Héichten an Déiften erlieft.

19/08/2020 HitStory - MY SWEET LORD

Et war dë Gospel "Oh happy day" vun den Edwin Hawkins Singers, deen dem George Harrison Enn de 60er Joren net méi aus dem Kapp wollt goen. Am Dezember 69 war en als Begleedmuseker mam Duo Delaney & Bonnie op Tournée an zu Kopenhagen koumen em dunn déi passend Wierder an Nouten an de Sënn.
E Lidd ewéi e Gebiet, de Wonsch Gott ze gesinn, ze kennen, mat em ze sinn a mat em ze goen an em ze weisen, datt dëst alles net laang dauere wäert. E Glawen tëscht Chrëschtentum an Hinduismus. Den Harrison, dee „rouege Beatle“, wéi en alt gär genannt gouf, huet sech vill a laang mat fernëstleche Relioune befaasst, vu senge Reesen an Indien huet e jo och d'Sitar mat an Europa bruecht. Fir hien waren déi wichtegst Liewensfroen: Wie sinn ech, firwat sinn ech hei a wouhi féiert mech mäi Wee?

My sweet lord“, op deem iwwregens och den Eric Clapton op der Gittar ze héieren ass, war um gudde Wee. Am November 1970 koum d'Single an den USA, 2 Méint drop an England eraus. Bis dem Harrison dunn den 10. Februar 1971 eng Plagiatsklo an d'Haus geflattert koum. Säi Lidd géing dach iwwerdriwwe vill un eng Nummer vum amerikanesche Girlgrupp “The Chiffons“ aus em Joer 1963 erënneren, eng Nummer 1 deemools an den Charts - „He's so fine

Et koum zu engem jorelaange Prozess bei deem den Harrison um Enn zu 1,6 Milliounen Dollar Strof verdonnert gouf. Den Ex-Beatle, dee sech ni enger  Knäip-Schold bewosst war, huet dat ganzt awer nawell zimmlech labber gesinn, dem Succès vum Song huet et net wéi gedoen, au contraire.

Seng Reaktioun koum awer 1976  mat „This song“, an deem et ë.a. heescht: „Dëst Lidd ass weder schwaarz nach wäiss, a  souwäit ech weess verstéisst et net géing engem säi Copyright“.

My sweet lord“, op deem iwwregens och den Eric Clapton op der Gittar ze héieren ass, war viru 50 Joer eng Nummer 1 an Amerika an a Groussbritannien, nom Harrison sengem Dout 2001 konnt et sech op en Neits ganz uewen op der Insel placéieren.