Heiansdo ass et gutt, wann ee selwer agesäit, datt een um Holzwee ass. D'Tina Turner kann dem Mark Knopfler nëmme Merci soen.

16/11/2020 HitStory - PRIVATE DANCER

Mat hirem 5. Soloalbum a mat 44 Joer konnt d'Anna Mae Bullock 1984 endlech de weltwäiten Duerchbroch genéissen. "Private Dancer", en Album mat ville Coverversiounen awer och neie Songs, mat vun der Partie noutgedronge vill verschidde Produzenten a Songwriter.
Ënnert anerem de Mark Knopfler, deen 2 Joer virdrun mat Dire Straits dee wonnerbaren Album "Love over gold" erausbruecht hat. Op dësem Wierk sollt u sech och nach e weidere Song landen, an deem den Knopfler vun enger Fra séngt, eng Stripperin oder Prostituéiert, déi fir Suen viru begierleche Männer danzt a beschreift, wéi eidel et an hir bannendran ass.
De Mark Knopfler krut awer Zweiwel. Et huet sech dach bosseg unhéieren, wann e Mann sech an d'Roll vun enger Dänzerin versetzt a verkeeft. Dat muss och vun enger Fra gesonge ginn.
A well och dem Knopfler zu Ouere komm war, datt d'Tina Turner op der Sich no Material fir en neien Album war, huet en hir seng Opnamen zoukomme gelooss.

Begleet gouf d'Tina Turner am Studio vun den Dire Straits-Museker, de Gittaresolo allerdéngs huet net den Knopfler agespillt, mä den Jeff Beck.

Ganz hat de Mark Knopfler säi "Private dancer" awer net aus den Hänn ginn. De Refrain vum Album-Titelsong "Love over gold" ass identesch mat der Melodie vu "Private dancer".