De Fils vun engem berüümte Papp ze sinn ass net ëmmer vu Virdeel. De Kennedy William Gordy alias "Rockwell" hat awer d'Chance och nach e prominente Schoulfrënd ze hunn.

26/03/2021 HitStory - SOMEBODY'S WATCHING ME

Motown - dee Plackelabel zu Detroit, deem Weltstaren ewéi Stevie Wonder, Marvin Gaye, Diana Ross oder Lionel Richie hir Karriär ze verdanken hunn. A kee vun hinnen ass laanscht d'Oueren an de Seege vum Motown-Grënner a Patron Berry Gordy komm. Dee Mann huet am Endeffekt decidéiert, wie fir Motown huet dierfen an de Studio goen.

Dee Berry Gordy war iwwregens 4 mol bestuet an huet 8 Kanner. Eent vun hinnen, dat drëttjéngst, hat och e gewëssent Gesangstalent. De Kennedy William Gordy, dee sech, onofhängeg vum Papp senger Popularitéit an eventuelle Relatiounen, en Numm als Sänger wollt maachen. Dat war 1983. A well zu där Zäit Kënschtlernimm ewéi Madonna oder Prince ganz a Moud waren, huet de Kennedy William sech vun elo un "Rockwell" genannt.
Ouni dem Papp säi Wëssen huet de Rockwell sengem gudde Frënd aus Spillschoulszäiten, engem gewëssene Michael Jackson ugeruff. Ob dee Loscht an Zäit hätt, fir em de Refrain vun engem neie Song anzesangen. De Michael huet net laang gezéckt an och nach säi Brudder Jermaine mat an de Studio bruecht. Esou ass dem Rockwell säin eenzege Hit entstanen.

Wéi de Berry Gordy, dee bis dato net grad vum Fils senge Musekerqualitéiten iwwerzeegt war, d'Opnam héieren huet, war e faszinéiert. D'Hitpotential war onverkennbar, dem Jackson säin Input net manner, an esou krut de Rockwell vu sengem Papp gréng Luucht fir de Song an en Album bei Motown ze publizéieren.

Fir eng Nummer 1 an de States sollt et net duergoen, Van Halen mat "Jump" an dem Kenny Loggins säi "Footloose" haten all Kéiers d'Nues vir. 1992 huet et op alle Fall nach eemol zerguttst am Rockwell senger Keess gerabbelt, wéi den DJ Bobo säin éischte Succès konnt landen - "Somebody dance with me" ...