"Would you still love me" heescht di nei Single vum Stefanie Heinzmann, an ass e Gedankenexperiment.

Wat geschitt, wann de Succès an all dat Materiellt ewechbriechen? Wa mir Status a Social-Media-Präsenz ofsträifen? Hunn d'Leit eis da nach gären?

Op hirer neier Single "Would you still love me" léisst sech d'Stefanie Heinzmann genee op sou e Gedankenexperiment an. Et wier wichteg, sech op dat Wesentlecht ze konzentréieren.

"D'Welt huet sech sou verännert, mä ech ootmen, ech lafen, ech iessen, ech hu mäin Häerz a meng Sprooch", seet di Schwäizer Sängerin.

Dat sinn d'Grondiddien, vun deenen hire nächsten Album "Labyrinth" gedroe wäert sinn. Am "One for the Road" lauschtere mir eis di aktuell Singleauskopplung "Would you still love me" un.