Culcha Candela loosse sech net vum Corona-Blues ënnerkréien, a suerge mat hirer neier Single "Hope" fir gutt Laun.

Nach si mir net iwwert de Coronabierg, mä wat soll ee maachen, ausser sou positiv et geet no vir ze kucken?

Dat ass de Motto vum Berliner Musekkollektiv Culcha Candela. Zesumme mam Kënschtler Bovann, dee se iwwert di sozial Medien kennegeléiert hunn, hu Culcha Candela e neit Lidd opgeholl, dat positiv Stëmmung verbreede soll.

Di eng oder aner ageraschten Hëft wäert wahrscheinlech matwibbele bei hirer neier Single "Hope"!

Am Videoclip zum Lidd kënnt Dir en plus un hirer Dance Challenge deelhuelen.