"Planet Her" heescht den 3.Album vun der Sängerin a Rapperin Doja Cat, deen am Laf vun de Summerméint op de Marché komme wäert. Time Magazine a Forbes gesinn eng grouss Zukunft duerkommen op di 25 Joer al Musekerin aus Kalifornien.

Amala Ratna Zandile Dlamini heescht di 25 Joer al Amerikanerin, déi mir Iech haut am One for the Road virstellen.

Kënschtlernumm: Doja Cat

Als Teenager huet se selwer Lidder produzéiert an online gesat, ass sou entdeckt ginn a krut mat 17 Joer e Plackekontrakt. Entretemps ass d'Doja Cat 3x fir e Grammy nominéiert gewiescht, huet 2 American Music Awards gewonnen, an ass omnipräsent an de soziale Medien. D'lescht Joer war se di 4.meescht gegoogelte Musekerin op der Welt.

Den Time Magazine an och Forbes soen der Sängerin a Rapperin eng grouss Zukunft viraus, déi dann elo am Summer hoffentlech wäert antrieden mam Release vun hirem 3. Album "Planet Her".

Dovun ass haut de One for the Road - di aktuell Single "Kiss Me More", zesumme mat der amerikanescher Sängerin SZA.