Nostalgesch, waarm, inspiréiert vun de gudden alen Rhythm 'n Blues Zäiten - dat sinn The Teskey Brothers. D'Australier hu fir hir neiste Single e Kulthit vun INXS gecovert.

The Teskey Brothers sinn eng australesch Rockband, déi virun 13 Joer vun de Bridder Josh a Sam Teskey gegrënnt gouf.

Hir Musek ass eng Mëschung aus Soul, Jazz a Rhythm 'n Blues, inspiréiert vu sou grousse Museker wéi Wilson Pickett an Otis Redding.

An hirer Heemecht sinn d'Teskey Brothers entretemps eng grouss Nummer, hunn do scho sëlleche Präisser gewonnen, a gëllen och als exzellent Live-Band.

Viru Kuerzem sollten d'Teskey Brothers hei zu Lëtzebuerg optrieden - de Concert huet awer musse annuléiert ginn, an dowéinst spille mir Iech se haut den Owend am One for the Road.

Hir aktuell Single ass e Cover vun engem Hit vun enger anerer grousser australescher Band - never tear us apart vun INXS.