Der Pandemie ass et geschëlt, dass mir haut nei Musek vum Alice Merton lauschtere kënnen. Op hirer neier Single "Vertigo" stellt di däitsch Musekerin sech hiren Ängschten.

Viru 5 Joer hu mir d'Alice Merton kennegeléiert mat hirem Debuthit "No Roots". Hiren éischten Album war 2019 e grousse Succès am däitschsproochege Raum, mä zanterhier ass et éischter roueg ginn ëm d'Alice.

Dat läit engersäits un der Pandemie, anersäits un hirem Privatliewen. Béides huet d'Alice Merton genotzt, fir e neit Lidd ze schreiwen. "Vertigo", iwwersat Schwindel, handelt vun Panikattacken a vum Drock, an de soziale Medien musse präsent ze sinn.

Produzéiert gouf di nei Single vun deem selwechte Mann, dee beim Dua Lipa Hit "Physical" hannert dem Mëschpult souz.

Kléngt no engem neien Hit fir d'Alice Merton. "Vertigo" ass haut eise One for the Road.