Lidder iwwert eise Mound ginn et der vill. Der Tasmin Archer hire Song bréngt allerdéngs e philosopheschen Touch mat an d'Spill.

06/04/2021 HitStory - SLEEPING SATELLITE

Wéi den Neil Armstrong deemools als éischten e Fouss op de Mound gesat huet, hat d'Tasmin Archer grad mol 6 Joer. Der Duechter vu jamaikaneschen Elteren sollt dat Evenement, grad ewéi och déi aner 5 Moundlandungen net méi aus dem Kapp goen. Et huet allerdéngs bis an déi spéit 80er gedauert, ier d'Tasmin senge Gedanke fräie Laf gelooss huet.
Déi geléiert Néiesch huet an der Fräizäit an enger klenger Band gesongen. Well d'Tasmin awer onbedéngt méi wollt, huet et a senger Gebuertsstad Bradford en Job an den "Flexible Reponse Studios" ugeholl - als Toilettefra. Eemol dobannen, si Produzenten a Museker séier op säin Talent opmierksam ginn an d'Tasmin konnt sech als Backgroundsängerin etabléieren.

Hir Frëndschaft mat de Studiomuseker John Hughes, Gittarist an John Beck, Pianist ass esouwäit gaangen, datt déi dräi owes beim Hughes doheem an der Kichen Songs geschriwwen hunn. Se hunn d'Demo-Opnamen un Plackefirme geschéckt, kruten awer ëmmer nees Ofsoen. Bis et 1990 dunn awer klappe sollt.
Iwwert 1 Joer huet sech d'Produktioun vum Debut-Album higezunn, kee vun de Songs hat Hitpotential. Dunn huet d'Tasmin Archer sech un en Text erënnert, deen et schonn 2 Joer virdrun ëmmer nees iwwerschafft awer ni completéiert krut. Eng Zort philosophesch Analys vun der Moundlandung: Eng Entdeckung, déi awer séier de Status vun enger Course tëscht Amerikaner a Russe krut, a wéi se bis do uewe waren, och nach 6 mol, war de Reiz fort. An am Plaz sech elo nees der Schéinheet an Zerbriechlechkeet vun eiser Äerd bewosst ze ginn, fänke mer un eise Planéit lues a lues futti ze maachen. Vläicht ware mer ze fréi um Mound, eisem Satellit am Déifschlof?

"Sleeping Satellite" koum am September 1992 eraus, et gouf eng Nummer 1 a Groussbritannien. D'Tasmin Archer huet uschléissend nach 3 weider Albumen erausbruecht a konzentréiert sech zanter 15 Joer méi op d'Schreiwe fir Televisioun- a Filmmusek. An dat zesumme mat hirem Partner John Hughes - deen, an deem senger Kichen deemools déi éischt Lidder entstane sinn.