Am Januar dëst Joer hunn d'Fransousen decidéiert wéi een Interpret den Hexagone beim Eurovision Song Contest am Mee zu Rotterdam vertrëtt. D'Gewënnerin vun deem Vott heescht Barbara Pravi a geet mam Lidd Voilà an d'Course. Positiv opgefall an där Entscheedung ass awer och de Céphaz deen eréischt mat 20 Joer a Frankräich ukomm ass.

Am Ghana gebuer, duerno a Südafrika gelieft an ebe mat 20 Joer bei eise franséischen Noperen ukomm. D'Musek huet eng ganz wichteg Roll fir de Céphaz gespillt, zesumme mat sengem Courage a sengem Optimismus huet hien et fäerdegbruecht eng Partie Schwieregkeeten z'iwwerwannen. Säin Titel On a mangé le soleil handelt vum iwwerdriwwene Konsum, eppes wat de Céphaz scho laang beschäftegt well hien d'Suitten dovunner a senger Kandheet hautno materlieft huet. Fir dëse Eurovision Song Contest sollt et also net duergoen, mä wat net ass, ka jo nach kommen.