Well dem Chuck Berry seng Schwëster doheem de Piano permanent blockéiert huet, huet de Ludwig van Beethoven musse réckelen.

09/04/2021 HitStory - ROLL OVER BEETHOVEN

"Crazy legs" gouf en och nach genannt. Den Charles alias "Chuck" Berry, ee vun de Pionéier vum Rock 'n' Roll, deen eis am Mäerz 2017 am Alter vun 90 Joer verlooss huet.

Doheem bei Berry's, zu St. Louis am Missouri, gouf et e Piano. Deen huet allerdéngs meeschtens seng Schwëster Lucy monopoliséiert. D'Lucy war klassesch Pianistin an huet eben dacks um Instrument seng Etüden erop- an erofgespillt. Den Chuck wollt awer säi Rock 'n' Roll an d'Taste schmäissen mä krut meeschtens den 2. Präis.

Dat war u sech den Ausléiser vum Song "Roll over Beethoven". De Beethoven als Symbol fir déi klassesch Musek an natierlech seng Schwëster Lucy, déi dem Rock 'n' Roll endlech mol Plaz solle maachen. Et gouf Zäit fir e Generatiounswiessel an der Musek, Beethoven an Tchaikovsky, deen iwwregens och am Text ernimmt gëtt, waren iwwerlieft, de Rock 'n Roll ass elo um Kommen.
"Roll over" wëll soen: "Réckel !"

Dee markanten Intro vum Song staamt iwwregens net vum Chuck Berry selwer, et ass eng Reprise, anengems en Hommage un den Titel "Ain't that just like a woman" vu sengem Idol Louis Jordan aus em Joer 1946.
Genee dee selwechten Intro huet den Chuck Berry eng weider Kéier 1958 bei sengem "Johnny B. Goode" benotzt.
An 1964 hunn d'Beach Boys an hirem "Fun fun fun" op en Neits vun dësem Intro Gebrauch gemaach.
"Roll over Beethoven" gouf am Laf vun de Joren an Joerzéngten dacks gecovert, vu Carl Perkins, Jerry Lee Lewis, Beatles bis bei dem Jeff Lynne säin Electric Light Orchestra.