En Autosaccident, eng Affär a mol keng zwou Minutte laang. D'Geschicht vun engem vum Ray Charles senge gréissten Erfolleger.

13/04/2021 HitStory - HIT THE ROAD JACK

"Please send me someone to love" war am Joer 1950 dem amerikanesche Rhythm & Blues-Sänger Percy Mayfield säi wuel gréisste Succès. 2 Joer drop hat de Museker e schwéiert Autosaccident bei deem säi Gesiicht entstallt gouf. De Percy huet doropshin decidéiert, just nach am Background ze schaffen.

Am Joer 1960 huet en e Lidd geschriwwen, dat en dann och A-capella mat enger Gesangspartnerin als Demo opgeholl an et dem Produzent Art Rupe zoukomme gelooss huet. Am Song geet et ëm e Sträit tëscht engem Mann an enger Fra, si wëll hien doheem erausgeheien an hie probéiert si nees ëmzestëmmen. Um Enn paakt en awer seng 7 Saachen a geet.

Déi Opnam huet den Art Rupe deem blanne Sänger a Pianist Ray Charles ze lauschtere ginn. An de Ray, iwwregens e gudde Frënd vum Songwriter Percy Mayfield, war staark interesséiert. Hie selwer, deemools mat 30 Joer scho Familljepapp vu 4 Kanner, hat deen Ament eng Affär mat enger vu senge Backgroundsängerinnen, der Margie Hendricks. A well déi zwee ëmmer nees décke Buttek mateneen haten, koum dem Ray eng Iddi an de Kapp: En Duo mat eben där Margie Hendricks, si mat vill Roserei am Bauch an hie mam Gedanken alles hannert sech ze loossen a seng Famill opzeginn.

"Hit the road Jack" war 1961 zwou Woche laang d'Nummer 1 an de Billboard-Charts. An dat mat manner ewéi 2 Minutte Spilldauer. Manner ass heiansdo méi.
Iwwregens ass de Ray Charles uschléissend nach 7 mol Papp ginn, 7 mol mat ëmmer nees enger anerer Fra. Klamer zou.