Et kéint ee vun enger Supergroup schwätzen.

Respektiv vun engem Super-Duo. Hannert dem Projet Smith & Burrows verstoppe sech nämlech 2 gesate Museker. Do wier op der enger Säit den Tom Smith vun den Editors deenen hir 6 Placken et all Kéiers an d'Top 10 vun de britteschen Charts gepackt hunn a eng enorm Live-Qualitéit hunn. Op der anerer Säit dann den Andy Burrows vu Razorlight a We Are Scientists. Also alles anescht wéi onbekannte Leit. De Projet Smith & Burrows huet virun 10 Joer de Konzept-Album Funny Looking Angels mat eege Kreatiounen awer och Coverversiounen erausbruecht an elo viru kuerzem dann den 2. Album Only Smith & Burrows Is Good Enough. Do drop ass dann och d'Stéck I Want You Back In My Life ze fannen.