De Jean-Jacques Goldman war scho bal verzweiwelt. Bis ëm eng Stëmm aus der Paräisser Metro zu engem risege Succès verhollef huet. Leider mat engem trageschen Enn.

20/04/2021 HitStory - LÀ-BAS

Enn 1986 huet den Dram ugefaangen. De franséische Produzent a Komponist Philippe Delettrez war zu Paräis op der Sich no neien Talenter, Stëmmen, Gesiichter fir seng nei Spektakelen.
Dunn ass ëm, an der Metro, an der Statioun Châtelet-les-Halles eng jonk Fra opgefall, déi Lidder vun de Beatles, Paul Simon oder och nach Joan Baez interpretéiert huet. De Philippe huet déi onbekannt Sängerin ugeschwat an hir proposéiert,  et dach mol an engem richtege Concertssall ze probéieren. Dat ass dunn och geschitt, dee klengen Optrëtt war eng Reussite, mä déi jonk Artistin wollt sech net méi wäit engagéieren an ass nees zeréck an d'Gäng vun der Paräisser Metro gaangen.

D'Sirima Nicole Wiratunga, 22 Joer jonk, gebuer an England, d'Mamm aus der Bretagne, de Papp vu Sri Lanka. Mat 18 Joer ass et als Au-Pair op Paräis komm, seng Passioun fir d'Musek huet et ënnert de Stroossen an Trottoiren ausgelieft.

De Jean-Jacques Goldman huet 1987 den Titel "Là-bas" geschriwwen. E Lidd iwwert d'Verlaange fir fortzegoen an en neit Liewen unzefänken an anerersäits dem Wonsch no Stabilitéit, no Wuerzelen, no enger Famill.
Et sollt en Duo ginn, allerdéngs huet de Goldman einfach net déi ideal Gesangspartnerin fonnt. Bis ëm dunn säi Saxophonist eng Kassette vu sengem Frënd Philippe Delettrez matbruecht a virgespillt huet. Eng Opnam mam Gesang vum Sirima.
De Goldman ass an d'Metro gaangen, huet d'Sirima fonnt, et op e Kaffi invitéiert an no enger klenger Prouf am Studio war den Duo perfekt.
Fir de Goldman war de Succès näischt Aussergewéinleches, d'Sirima war iwwerfuerdert an ass kuerz drop nees an der Metro ënnergedaucht. Allerdéngs net vu laanger Dauer, well d'Offer vun enger Plackefirma, en eegenen Album erauszebréngen, war dach ze lackeleg. "A Part of Me" koum eraus, 10 ganz perséinlech Lidder vum Sirima, ë.a. och fir säi klenge Bouf Kym an de Papp, säi Partner an Hobbygittarist Kahatra Sasorith.

3 Wochen no der Sortie dunn den Drama. Aus Angscht, d'Sirima un en aneren ze verléieren oder wéinst der Solokarriär verlooss ze ginn, bréngt de Kahatra Sasorith déi jonk Fra mat engem Kichemesser ëm.

De Jean-Jacques Goldman huet "Là-bas" op senge Concerten ni am Duo interpretéiert, awer och ni eleng. Den Text vum Sirima huet e säi Public sange gelooss ...