Och de Superstare geet et iergendwann duer. De Mick Jagger hat esou d'Flemm mat der ganzer Corona-Situatioun, dass en spontan mam Dave Grohl vun de Foo Fighters e neit Lidd opgeholl huet. An dat kléngt bal wéi en typesche Song vun de Rolling Stones.

"Just for fun", well en näischt Besseres ze dinn hat, huet de Mick Jagger während dem Lockdown e neit Lidd geschriwwen, an deem et satiresch-kritesch ëm d'Liewen an der Pandemie geet - kromm Theorien inclus.

Trotzdem ass "Eazy Sleazy" en optimistescht Lidd - dem Jagger säi Partner am Lidd ass den Dave Grohl vun de Foo Fighters. Dëse konnt et bal net gleewe wéi de Frontmann vun de Rolling Stones gefrot huet, ob en wéilt matmaachen.

Jagger um Mikro an op der Gittar - Grohl op der Batterie, um Bass an op der Gittar.

De One for the Road: "Eazy Sleazy", kléngt wéi eng Mëschung aus Rolling Stones a Foo Fighters, e klassesche Rocksong dee no vir geet!