Aus dem Meedchen ass eng Fra ginn. Dem John Lennon säin Hommage un dat anert Geschlecht ass eng Zort Fortsetzung vun engem Beatles-Song aus de 60er.

23/04/2021 HitStory - WOMAN

1975, 5 Joer no der Trennung vun de Fab Four, koum de Sean op d'Welt. De Fils vum John Lennon an Yoko Ono. Vun deem Moment un hat de Lennon nei Prioritéiten am Liewen. Net méi d'Musek mä d'Famill huet elo den Takt uginn.
An deene Joren als Hausmann huet de Lennon sech vrun allem ëm dee klenge Bouf gekëmmert, huet gekacht, gebotzt a säi neit Liewen zu New York genoss. A wärend där Zäit ass em wuel bewosst ginn, wat eng Fra am Alldag esou alles leescht. Eppes, wat em bis dato ni opgefall war. Hie war éischter de Macho, haart no baussen awer e mëlle Kär.

Wärend enger Vakanz op de Bermuda-Inselen am Fréijoer 1980  krut de Lennon nees Loscht fir Musek ze maachen. An hei huet en och decidéiert, net nëmme senger Fra, mä alle Fraen, Mammen, Schwësteren, ... e Lidd ze widmen.
"For the other half of the sky" - mat dëse gepësperte Wierder fänkt de Song un. De Rescht ass en Hommage un d'Fra. Awer och, esou de Lennon an engem Interview, d'Fortsetzung vun engem Beatles-Lidd aus de 60er: "Girl" vum Beatles-Album "Rubber Soul". Aus dem "Girl" ass eng "Fra" ginn, aus deem wëlle Beatle en erwuessene Mann.

De 17. November 1980 koum "Woman" um Album "Double Fantasy" eraus. 3 Wochen duerno ass de Lennon vu sengem Fan Mark David Chapman erschoss ginn. No sengem Doud konnt den Ex-Beatle nach eemol d'Plaz 1 an den Charts erueweren.