E Film iwwert den Zauberkënschtler Houdini, de Mord um John Lennon an e Multiinstrumentalist deen net am Mëttelpunkt stoen. An eng schottesch Sängerin huet deem Ganzen d'Kroun opgesat.

27/04/2021 HitStory - MOONLIGHT SHADOW

Mat senger Musek war a bleift ëmmer eppes Mysteriéises verbonnen. De Mike Oldfield huet 1973, mat nëmmen 20 Joer, säi Meeschterwierk "Tubular Bells" ofgeliwwert. Imposant a mystesch Instrumental-Musek, all Instrument selwer agespillt, den Album konnt sech 5 Joer laang an der brittescher Hitparade halen.
7 weider héich-interessant Albume sinn nokomm, an 1983 dunn den definitiven Duerchbroch an der Popmusek mam Album "Crises" a vrun allem mam Titel "Moonlight Shadow".
"Moonlight Passion" war laang Zäit den Aarbechtstitel an den Oldfield hat d'Actrice a Geleeënheetssängerin Hazel O'Connor fir d'Vocals virgesinn. Hi selwer war ni frou mam Mikro, säin Job war d'Kreativitéit. A beim deem Song "Moonlight Passion" huet et em einfach un der Inspiratioun gefeelt. Dunn huet e sech un e Filmklassiker vun 1953 erënnert an deem den Tony Curtis de legendären Entfesslungskënschtler Harry Houdini portraitéiert an an deem et ëm d'Kraaft vun der Spiritualitéit geet. Anengems kënnt   Mike den 8. Dezember 1980 nees an de Kapp, wéi en fir Opnamen zu New York war. Deen Dag, deen d'Welt vun der Musek an Trauer versat huet, wéi den John Lennon viru senger Wunneng erschoss gouf.
All dës Andréck huet de Mike elo an engem Text verschafft, eng gespenstesch Moundnuecht an där e kalbliddege Mord geschitt a wou den Erzieler probéiert am Geescht Kontakt mam Affer opzehuelen.
Wéi en dunn d'Frëndin vun engem Roadie kennegeléiert an sangen héieren huet, war d'Äis gebrach. D'Maggie Reilly gouf fir de Gesang engagéiert a konnt mat där mysteriéiser Story, agekleet an eng léif a positiv Melodie, dee perfekten Ouerewuerm landen.