Beim Udo Lindenberg ginn et dëst Joer direkt e puer gutt Grënn fir ze feieren.

Am Mee kritt den däitsche Kënschtler seng 75 Joer a viru 50 Joer huet den Udo säin alleréischten Album erausbruecht. Fir d'Sammlung Udopium goufen net nëmme seng gréissten Hits zesummegeraf mä och nach 4 nei Lidder opgeholl, eent dovunner Mittendrin, dat zesumme mam Johannes Oerding geschriwwe ginn ass; déi 2 Kënschtler luewe sech géigesäiteg. De 17. Mee feiert den Udo also seng 75 Joer, 3 Deeg virdru kënnt Udopium eraus, entweder digital, als Set mat zwou oder 4 CDen oder als Fanbox, eng Këscht mat 8 Placke kënnt am Juni no.