Vum new german wunderkind gëtt an der internationaler Press geschriwwe wann et ëm d'Zoe Wees geet. Ob elo a Frankräich um Radio oder an Amerika op der Tëlee beim Jimmy Kimmel, d'Zoe Wees ass um gudde Wee eng grouss international Karriär ze starten.

Bei der 5. Staffel vun The Voice Kids hat et d'Zoe bis an déi 3., vun am ganze 5, Ronne gepackt a souguer vun engem gewëssenen Ed Sheeran gelueft ginn. D'Zoe huet sech net vum Wee ofbrénge gelooss an iwwer déi sozial Reseauen hir Karriär weider opgebaut, mam Resultat wat mir haut kennen. Fir den 21. Mee ass eng EP vum Zoe Wees ugekënnegt, do drop ze fannen natierlech Control, Girls Like Us a Ghost wat eréischt e puer Stonnen al ass, am ganze komme 5 Lidder op d'EP Golden Wings. Am Lidd Ghost geet et ëm Leit déi een ze no u sech eruléisst obwuel ee ganz genee weess datt déi engem schuede kéinten.