Aus den "Jackson 5" ware Mëtt de 1970er Joren "The Jacksons" ginn. Bei der neier Plackefirma Epic hunn de Michael a seng Bridder endlech eegent Material dierfe schreiwen an ophuelen, an di 6 Epic-Albume kommen elo nei op de Marché, deels mat neie Versioune vun hire Klassiker. Eise One for the Road ass eng nei Variant vu "Can you feel it", an där Zitater vum Martin Luther King a vum Barack Obama mat agefloss sinn.