Zwee Frënn an eng Nuecht mat vill Alkohol an haarder Musek. A moies fréi kann ee sech dann un net méi vill erënneren. De Ray Davis hat awer gutt opgepasst.

30/04/2021 HitStory - LOLA

"The Kinks" - iwwregens net d'Kinneken mä vu "kinky" steet fir "ausgeflippt, duerchgeknallt, mëll". Nieft Beatles a Stones eng weider bedeitend Band aus de wëlle 60ties. D'Kinks, dat ware vrun allem de Ray Davies a säi Brudder Dave.

Enn 1970 war de Ray mol eng Kéier net mat sengem Brudder, mä mam Robert Wace, dem Manager vum Grupp, owes zu London ënnerwee. Et war spéit, se hate scho genuch intus an iergendwa si se an engem Club zu Soho gelant. Schummereg Luucht, haart Musek an natierlech och hei deen een oder aneren Drink.
A wéi déi zwee dunn un der Bar souzen, ass dem Robert Wace eng grouss-gewuessen, wonnerschéi Fra mat däischterer Hautfaarf opgefall. En huet sech nawell séier an déi Lady , déi sech mat "Lola" virgestallt huet, verkuckt a kuerz drop hunn déi zwee ganz enk matenee gedanzt.
De Ray Davis huet där Saach vum Comptoir aus nogekuckt a wéi de Club moies um 6 zougemaach huet, ass en zesumme mam Robert a mam Lola eraus getrëppelt. An hei sinn dem Ray, wuel well et dobaussen ugefaangen huet hell ze ginn, um Lola sengem Kënn e puer Baartstoppelen opgefall.

"She walked like a woman but talked like a man" ... d'Lola war e Mann, eng Travestie, eng Dragqueen. De Ray Davies huet no deem Intermezzo dee wuel gréissten Hit fir seng Kinks geschriwwen. D'Karriär vun der Band war nees ugekuerbelt an de Song ass a ville Länner, souguer an de States, an den Top 10 gelant. Obwuel oder vläicht grad well vill iwwert den Text diskutéiert gouf: E Mann dee vun engem anere Mann verféiert gëtt war virun engem gudden hallwe Joerhonnert nach en delikat Thema.