Fir d'éischt de Wendler erausgeschnidde ginn, duerno den Äddi vum Pop-Titan Dieter Bohlen, dee fir déi lescht Sendunge mol net méi am Jury souz an duerch den Thomas Gottschalk ersat ginn ass. Et ass vill iwwer DSDS geschwat ginn an iergendwéi ass de Gewënner an deem ganzen Zirkus ënnergaangen.

De Mann heescht Jan-Marten Block, 25 Joer jonk, Multiinstrumentalist, Synchronspriecher an ënner anerem also och Gewënner vun Deutschland sucht den Superstar. Den Ament gëtt am Netz, leider, och méi iwwer d'Garderob vum sympathesche Kärel aus dem Norde vun Däitschland diskutéiert wéi vu sengem Talent. Soubal déi richteg Kleeder do sinn, misst dat dann och vum selwe goen. Well Talent huet de Jan-Marten, sou eng Castingshow gewënnt een eben net wéinst Kleeder. Never Not Try, also ni opginn an ëmmer säi Gléck probéieren.