Baba Shrimps kléngt e bëssen no engem Dessert. Ass an dëser Rubrik falsch op der Plaz; et geet also ëm Musek. Baba Shrimps ass e Pop-Trio aus der Schwäiz.

Den Adrian, de Moritz an de Luca sinn dann elo bei hirem 3. Album ukomm. III ass de 26. Mäerz erauskomm. D'Geschicht vu Baba Shrimps ass elo well 10 Joer am gaangen; hir Musek ass e Kompromëss aus hire Virléiften, d'Resultat si Pop-Lidder fräi vu Beréierungsängschten. D'Lidder erzielen Geschichte aus dem eegene Liewen a wéi et heescht loossen déi 3 Frënn sech duerch näischt a kee verbéien. Déi aktuell Single aus III heescht Twenty-Three.