E jonkt Talent aus Groussbritannie steet haut an der Vitrinn. Den Ash Carvell huet sech an de leschte Méint en Numm an der nationaler Zeen gemaach; awer net mat sengem Eegene mä ënnert dem Kënschtlernumm Quarry.

Déi Zeitungen a Radiosender op der Insel déi sech op Neientdeckunge spezialiséiert hunn, hale ganz vill vum Produzent a Museker. No senger gefeierter Debut-EP Q1 huet de Quarry elo bei EPIC (Sony Music, Columbia) ënnerschriwwen an och schonn e puer Stécker erausbruecht, sou dann och déi aktuell Single Wake Me Up an där et ëm eng Bezéiung geet déi lues a lues ausleeft an dem Verlaange no Befreiung aus där Relatioun. Dat sinn éischter däischter, poetesch Texter déi awer nees duerch d'Pop-Melodie ausgeglach ginn.