Dës brittesch Grupp léisst sech nawell gutt Zäit fir nei Musek op de Marché ze bréngen. 2013 ass den Debutalbum erauskomm, eréischt 4 Joer méi spéit Nummer 2 an elo am Abrëll dann den 3. Album Californian Soil.

Dobäi hat d'Grupp ronderëm d'Sängerin Hannah Reid schonn 2017 ugefaangen un neier Musek ze schaffen, ma éischt Resultater gouf et eréischt Enn lescht Joer. Op der neier Plack ass dann och How Does It Feel? drop ze fannen; en Titel deen der ganzer Grupp besonnesch gutt gefält, obwuel d'Hannah am Ufank zimmlech nervös war bei dësem Lidd. A punkto Sound erwaart ee bei dësem London Grammar-Stéck ënner anerem Electro Pop, d'Hannah Reid um Piano an e funky Bass.