Den Jack Mercer kritt dir haut virgestallt. Wann een allerdéngs no deem Numm am Netz sicht, kënnt een net all ze wäit. Do huet ee scho besser no VC Pines ze sichen.

De Mann huet bis 2019 mat der Band The Carnabys op Indie-Rock gesat, ënnert VC Pines geet et dann éischter a Richtung Alternative Soul. Den Jack ass grousse Fan vum Nick Cave, géing am léifsten eng Kéier mam Andre 3000 zesumme schaffen an ass drop an drun eng weider EP mam Titel Concrete erauszebréngen. See You Soon kënnt dann och op dës EP an erzielt de Wiessel vu Leit wärend enger Soirée an dann entwéckelt sech d'Lidd an eng Zort Afterparty op déi ee besser gehat hätt net ze goen.