Dës Kéier hu mir et mat engem Singer-Songwriter vu Leeds ze dinn.

Den Jake Whiskin schafft grad u senger 2. EP déi dëse Summer erauskomme soll. Seng Musek a Sound sinn am gaangen ze wuessen an et dierf ee sech op gudde Pop freeën. Heavy heescht déi aktuell Single a beschreift d'Gefiller déi ee vun enger Persoun operluecht kritt an déi een am léifsten nees lass wier. Iwwerhaapt ass déi 2. EP vum Jake Whiskin eng Selbstanalys aus verschidde Bléckwénkel, wat dem Artist och deels Angscht gemaach huet, ma, wéi hie selwer seet: "Wann ech net e bëssen Angscht hunn, kann ech net sou reell si wéi ech wëll.".