Op de 5. Album vun der amerikanescher Grupp OneRepublic muss, wuel oder iwwel, nach gewaart ginn. Dobäi hätt d'Plack schonn am Mee d'lescht Joer erauskomme sollen. Trotzdeem kann ee sech an Tëschenzäit schonn e Bild vun hirer neier Musek maache well mat Run feiert haut schonn dat 6. Lidd Première aus dem Album.

Rescue Me, Didn't I, Wanted, Wild Life, Better Days an eben elo Run. Et ass och kee grousst Geheimnis firwat sech dat mat deem 5. Album Human sou laang zitt; de Ryan Tedder a seng Kolleegen haten u sech eng Tour ronderëm de Release geplangt a wéinst der sanitärer Kris, si Concerten an där Form wéi mir se mol kannt hunn, den Ament einfach net méiglech. Sou ass dann och de Concert vum leschte Joer an der Rockhal, schonn op dëst an elo dann op d'nächst Joer verluecht ginn. E bësse Gedold ass nach gefrot.